Dem Madeleine Nierenhausen- Kremer zum 95. Gebuerstag gratuléiert


Useldeng: Mat 95 Joer nach relativ fit ze sin, dat Gléck huet d'Madeleine Nierenhausen- Kremer, déi hire Gebuertsdag zesumme mat der Famill, doheem konnt feieren. Fir de Buergermeeschter Pollo Bodem mat sengen zwéi Schëffen Christian Frank a Raoul Schaaf, war et duefir och eng Éier, fir dem Gebuertsdagskand zum 95. Liewensjoer mat enger schéiner Coupe Orchideen am Numm vun der ganzer Gemeng häerzlich ze gratuléieren. A senger Laudatio huet de Buergermeeschter dat aktivt Liewe vun der Jubilarin ervirgestrach, déi den 10. Februar 1931, als dat eelst vu véier Kanner vum Jos Kremer vu Stengefort a Anne Wies vun Hoen d'Liicht vun der Welt ebléckt huet. De 24. Juni 1953 huet d'Madeleine Kremer sech mam René Nierenhausen vun Useldeng, bestuet. Aus hirem Bestiednis sin hir zwou Duechteren, Ginette a Sylvie op d'Welt komm. Zesumme mat hirem Mann René hunn di zwee vill Klienten an hirem Kleedergeschäft zu Useldeng bedéngt, fir dann d'Geschäft den 1. August 1994 definitiv opzeginn. Duerno huet sech d'Famill Nierenhausen an hirt Wunnhaus niewendrun zum gemeinsame Liewensowend zeréckgezunn. Desweideren huet de Pollo Bodem, d'Madeleine Nierenhausen- Kremer als „Grande Dame“ innerhalb vun der Gemeng bezeechent, di ëmmer ganz zeréckhalend hirem léiwe Mann nit nëmme am Geschäft awer och als aktive Veräinsmensch ëmmer trei zur Säit stong. Leider ass de René Nierenhausen den 19. Februar 2022 verstuerwen. Zu de Gratulanten hunn och Mady Wolff-Tholl als Presidentin mam Anny Linster a Vertriedung vum Senioreveräin Useldeng gehéiert. Duerno ass d'Glas erhuewe gin an zesumme mat der Famill op weider gesond Joeren geprost ginn. (CR) (Foto: Charles Reiser)