Cäcilieconcert du Rodange

Den 23. November hat d'Harmonie Municipale Rodange & Lamadelaine hieren traditionnellen Cäcilieconcert organiséiert. An engem gudd gefëllte Festsall wossten d'RoLazubi's, wéi d'Harmonie des Jeunes sech nennt, hiere Publikum ze iwerzeegen. Gefouert gin sie, zënter Abrëll, vun hirem Chef, dem Fernand Gallo. Eng 20 jonk Musikanten, begeeschtert Jongen a Meedecher, hun en oofwiesslungsraiche Programm präsentéiert, mat flotten Melodien aus Winnetou, Pippi Langstrumpf an de Flintstones, fir nëmmen déi ze nennen. Mat vun der Partie waren och d'Sänger vun der Bich, déi vun hirer jonker Dirigentin Cassandra Koehler geleed goufen. No der Paus huet d'Harmonie Municipale ënnert der Direktioun vum Patrick Stracks mat der Ouverture 1812 ënnert Kanounengeschoss de Programm weidergefouert. Duerno as et weidergaang mat Carmina Burana, Arctic Fire, Jupiter Pop Style, Pomp and Circumstance. Eng Reih laangjäreg Membren goufen vun der UGDAvertriederin, der Madame Adèle Donven, mat Medaillen ausgezeechent : 10 Joer fir den Jean- Marc Görtz, jeweils 20 Joer fir de Patrick Stracks an de Marcel Ries, a fir méi wéi 10 Joer als Trésorier aktiv gouf de Jean Roth geéiert.