Galaconcert vun der Harmonie Municipale Rodange & Lamadelaine

Rolleng/Lamadelaine: D'Harmonie Municipale Rodange & Lamadelaine hat zesummen mat der Jugendmusek "RoLazubi's" op hiere Galaconcert "The Magic of Disney" an de Centre de Loisirs invitéiert. Ennert der Direktioun vum Patrick Stracks sin Stécker wéi Disney Festival, Go the Distance, Evermore an The Lion King de Gäscht an deem gudd gefëllte Sall präsentéiert gin. Duerno war et dann un de RoLazubi's déi eng éischte kéier bei engem grousse Galaconcert dobai konnte sin, dëst ënnert der Leedung vum Fernand Gallo. No enger Paus gung et virun mat dem Invité vum Owend, dem Ensemble vocal Vivace. Dës net grad 60 Sängerinnen a Sänger hun ënnert der Direktioun vum Ulric Evrard, ënnert aanerem, Hakuna Matata, Can you feel the love Tonight an The Beauty and the Beast interprétéiert. Eppes ganz besonnesches haten sech d'Musikanten vun der Harmonie afaale gelooss, si hun sech mat hieren schéinen Kostümer mat den verschidden Disneyfiguren identifizéiert. Op der Bühn soutzen Tinker Bell, Bambi, Peter Pan, Herkules, Schneewitchen, Dornröschen, Belle, fir nëmmen e puer ze ernimmen. Weider Highlights waren de Solo vum Nathalie Eichenseher als Elsa mat "Let it Go", an d'Finale wou d'Harmonie, zesummen mat den RoLazubi's a Vivace " The Lion sleeps Tonight" präsentéiert hun. Duerch den Owend hun de Marcel Ries, d'Renée Gallo an d'Monika Evrard gefouert. Fir di wonnerschéin Dekoratioun huet d'Romaine Stracks gesuergt. D'Präsidentin Marie-Jeanne Goeckel-Schuler war houfreg iwer dee gudd gelongenen Owend an huet de ville Gäscht Merci fir hiert Kommen gesot. En décke Merci goung un all déi , déi um Geléngen vum Galaconcert bedeelegt waren.(Fotoen:Jean-Marc Görtz/www.hmrl-hjrl.org)