Groussen Erfolleg fir den 1. Kids Secondhand

Leschte Samschden hat d'Harmonie des Jeunes Rodange & Lamadelaine 'RoLazubi's' op hiren éischten 'Kids Secondhand' an de Centre de Loisirs op Rolleng (Lamadelaine) invitéiert. Eng 35 Aussteller hun Bébé- a Kannergezei, Spillsachen, Poussetten, Kannerbicher, Puzzelen a vill aner Artikelen zu iweraus gënschtege Präisser ugebueden. D'Jugendmusek hat eng Kaffisstuff agericht wou si 'Hausmacher' Taarten, Kuchen a frësch Eisekuchen zerwéiert huet.

Iwwer Mëtteg goufen lecker Aperitiffer gemixt déi gudd bei d'Iessen vum Foodtruck gepasst hun, deen extra fir dësen Event komm as. Vu moies 9 Auer bis 17 Auer sin eng ganz Partie Clientë bei deene gudd sortéierten Stänn passéiert an hun hiert Gléck fond.

Fir d'Harmonie des Jeunes war et eng nei Erausfuederung a si freeën sech schon op déi zweet Editioun nächst Joer.