Cäcilieconcert zu Rodange

Freides, den 22. November hat d'Harmonie Municipale Rodange & Lamadelaine op hiren traditionellen Cäcilieconcert op Rodange an de Centre Culturel invitéiert. Och dëst Joer waren d'Sänger vun der Bich ënnert der Leedung vum Cassandra Köhler nees mat vun der Partie. D'Jugendharmonie 'RoLazubi's huet iwerzeecht mat hirem farwegen Programm. Si hun suguer en eegene fir si vun hiren Chef Fernand Gallo komponéierte Marsch virgestallt. Duerno war et dunn un der Harmonie déi ënnert der Leedung vum Patrick Stracks der Befreiung vu virun 75 Joer musikalesch geduecht huet. Héichpunkten waren den Trompetteregëster mat 'Il Silenzio' an di jonk Solistin Zara Steffen mat 'Memories of You' op der Trompett . Ausgezeechent fir 5 Joer Memberschaft bei der UGDA goufen 4 jonk RoLazubien: Sara an Stella Leidner, Rodrigo Gomes an Luca Paoletti. Bei der Harmonie sin Carol Gallo fir 10 Joer an de Jeannot Mentz fir 60 Joer vum Häer Romain Ries ausgezeechent gin.