Cäcilieconcert Harmonie Municipale Rodange & Lamadelaine

D’Harmonie Municipale Rodange & Lamadelaine huet viru kuerzem hieren traditionnellen Cäcilieconcert gespillt, am Rodanger Centre Culturel an engem gutt gefëllte Sall, a Präsenz vun de lokalen Autoritéiten a Verainsvertrieder. Den Optakt huet d’Jugendmusek gemeet, ënnert der Leedung vum Vicky Bernard. Mat vun der Partie waren och d’Sänger vun der Bich, déi mat hierer Dirigentin Cassandra Köhler en ofwiesslungsräichen, modernen Programm ugebueden hun. No der Paus goung et weider mat der Harmonie mat Stécker wéi Encanto, The Da Vinci Code, Red Rock Mountain, Voices an Nessun Dorma, ënnert der Leedung vum Patrick Stracks a präsentéiert vum Marcel Ries. De Concert war dem, viru kuerzem verstuerwenen, laangjährege Musikant Jängi Huberty gewidmet, an do huet och d’ Petite Fleur vum Sidney Bechet net dierfe feelen, déi duerch e gekonnte Klarinettesolo vum Fernand Gallo, d’Emotiounen am Sall héich kache gelooss huet. Während dem Concert sin och d’Medaillen un verdingschtvoll Membren iwerreecht gin. Stellvertriedend fier d’UGDA hun de Buergermeeschter Pierre Mellina an den Députéierten a Schäffen Jean-Marie Halsdorf dës Charge iwwerholl: Christophe Reitz krut d’Insigne de mérite fier 5 Joër, Jean-Pierre Glod d’Médaille de mérite en bronze fier 10 Joer, Jean-Pierre Kocks d’Médaille de mérite en argent Grand-Duc Adolphe fier 50 Joer an den Eirepräsident André Desorbay d’Médaille de mérite en vermeil avec palmettes Grand-Duc Adolphe fier 70 Joër.