Cäcilienfeier zu Rodange

E Sonndeg, den 24.November hun d'Kannerchorale Sänger vun der Bich an Harmonie Municipale Rodange hir laangjähreg Membren geéiert:
Sarah Morocutti fir 5 Joër(S.v.d.B) Jasmine Goeckel, Sylvie a Steve Schleich fir 10 Joër, François Nau fir 20 Joër an Jean Huberty fir 60 Joër(HMR).Fir all dës Medaillen ze iwerreechen as den Här Gilbert Guirsch vun der UGDA op Rodange an de Restaurant Champs des Roses komm, wou uschléissend bei engem gudde Mauffel gefeiert gouf.Bei dëser Geléenheet huet d'HMR awer och hierem Sponsor, der Firma Securitec Sàrl vu Léiweng MERCI gesoot fir di schéin T-Shirt'en an Fleece-Jacketten déi si schon am Summer iwerreecht kruuten.