Roudemer Kierch: Den hl. Niklos gouf restauréiert

Ronn 120 Jar ass se al, d'Statu vum hl. Niklos (Kleeschen) an der Parkierch zu Roudemer. Nom Konzil war si eng Zäit aus der Kierch verbannt an ass an engem Privathaus versuergt ginn. Virun e puer Jar huet si erëm hir Plaz do kritt, wou si jarzengtelaang stoung: an der Kierch. Net genuch domat: Vum Restaurateur Thomas Lutgen ass si restauréiert ginn an et kann ee si si mat hire prachtvolle Faarwe bewonneren. Wou soll hir definitiv Plaz sinn? Op der lénker Säit niewent dem Beichtstull un der Mauer kënnt si opgestallt ginn, esou wéi Experte sech ausgedréckt hunn.
Elo feelt nach zu Roudemer an der Kierch e Moulage vun dem Fliggelaltar aus dem 15. Jarhonnert, dee bis 1885 an der Kierch stoung (oder houng) an dunn - leider - vum Kiercherot fir 500 Frang un de Staat verkaaft ginn ass! Haut ass den originalen Altar am Musee, wou en no der Restauratioun eng Eiereplaz soll kréien. De Kiercherot vu Roudemer wier haut frou, wann e Moulage kënnt gemaach ginn, fir dien dann an der Kierch opzehänken, wat e gudde Kompromiss kënnt duerstellen.