Scheckiwwerreechung vum Club Soroptimist Éislek


A Presenz vun der Uniounspresidentin Marie-Louise Bissen huet de Club

Soroptimist Éislek, mat hirer Presidentin Guida Biewer, e Scheck vun 4000 € un

d‘Vereenegung Youth & Work iwwerreecht.

Duerch hir Aktivitéiten uechter d’Joer ënnerstëtzt de Club Éislek sozial

Projeten.

Youth& Work, vertrueden durch d‘Ariane Toepfer a Jeanny van Wissen, ass eng

Associatioun, déi Jonken , déi an enger schwiereger Phase sinn, hëlleft, de Wee

erëm zeréckzefannen an e gereegelten Alldag, an d‘Schoul oder an

d’Aarbechtswelt.