Scheckiwwerreechung vum Club Soroptimist Éislek.

De Club Soroptimist Éislek, mat hirer Presidentin Guida Biewer, huet e Scheck am Wert vun 2500 € un d‘Vereenegung Trauerwee asbl iwwerreecht.

Duerch hir Aktivitéiten uechter d’Joer ënnerstëtzt de Club Éislek sozial Projeten.

Trauerwee asbl, vertrueden duerch d’Simone Thill an de Max Zuccoli, ass eng Associatioun, déi Jugendlechen a Kanner hëlleft fir mam Verloscht a mat der Trauer vis à vis vu Persounen déi hinne nostungen, eens ze ginn.