Club Soroptimist Éislek

Viru Kuerzem huet de Club Soroptimist Éislek , mat hirer Presidentin Marianne Meyers, dem Yannik Lieners een Don vun 2500€ fir de PlooschterProjet iwwerreecht. Dësen Erléis könnt aus verschiddenen Aktivitéiten, déi de Club wärend dem Joer mécht, zesummen. De PlooschterProjet huet als Zil fir esou vill Leit wéi méigelech derzou ze bréngen fir sech als Stammzellespender ze registréieren an esou villäicht engem Leukemiepatient d'Liewen ze retten.