Scheckiwwerreechung vum Club Soroptimist Éislek.

Roder. De Club Soroptimist Éislek,mat hirer Presidentin Guida Biewer, huet der Maison Edith Stein, vertrueden duerch d'Nicole Steinfort a Joëlle Feller, ee Scheck vun 3000 € iwwerreecht. Dësen Don soll d'Aarbecht vun dësem Haus zu Eeschwëller /Woltz ënnerstëtzen . Hei kréie Fraen a Meedecher, déi Affer vu Gewalt gi sinn, ee Refuge gebueden. Si léieren den Trauma ,deen si erlieft hunn, ze bewältegen an hir Selbstuechtung erëm ze fannen. D'Maison Edith Stein begleet si op hirem Wee zréck an d'Gesellschaft an hëlleft hinnen Zougang zu Bildung an Ausbildung ze fannen, onofhängeg ze ginn an esou hiert Liewen selbststänneg kënnen ze gestalten.