Bei hirem traditionelle Wantergala fir Kleeserchersdag huet d’Harmonie Municipale « Les Echos de l’Alzette » Réiserbann net nëmme mat engem wonnerbare musikaleschen Owend begeeschtert, mee dobäi och fir e gudden Zweck gesammelt. Fir d’Aarbecht vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner ze ënnerstëtzen hunn d’Museker stolz 1500€ zesummekritt. Bei der Generalversammlung vun der Réiserbänner Musek den 23. Februar hunn si Vertriederinne vun der Fondatioun feierlech de Scheck iwwerreecht.
Wann och dir Kanner mat Kriibs an hir Famillje wëllt ënnerstëtzen, kennt dir en Don maachen op de Konto LU17 0028 1408 4840 0000.