250 Euro fir “Een Häerz fir kriibskrank Kanner”

D’Kanner aus dem Foyer du Jour Butzenhaus zu Rolleng hunn bei hirer Chrëschtfeier fläisseg Sue gesammelt fir de gudden Zweck. Bei der Aktioun sinn 250 € zesumme komm, déi d’Kanner der Asbl „Een Häerz fir kriibskrank Kanner“ op hirer Spillplaz am Butzenhaus iwwerreecht hunn.