Fréijarsmaart am Bieschbecher Atelier

Den 12. Mee hat de Bieschbecher Atelier, Atelier protégé vun der Lëtzebuerger Blannevereenegung, op säin traditionnellen Fréijarsmaart invitéiert.

Hei krut een en Abléck an déi verschidden Aarbechten déi zu Rolleng gemaach ginn. Nieft enger heller Wull vu Summerblummen, goufen och originell Kreatiounen aus Holz a Keramik ugebueden. De Musikant Nico WALISCH huet fir gutt Stëmmung gesuergt an d'Leit konnten sech dann och vun der hauseegener Patisserie iwwerzeegen an e puer gemittlech Stonnen bei eis verbréngen.