Scheckiwwereechung am Bieschbecher Atelier vun de Fraen a Mammen Kiischpelt

Am Bieschbecher Atelier kruten déi Responsabel dëser Deeg en Don vun 2000€ vun de Fraen a Mammen Kiischpelt iwwerreecht. Dës Sue si geduecht fir d'Beschafe vu neiem Aarbechtsmaterial.
Am Numm vun der Blannevereenegung an hirem Atelier protégé huet d'Martine Brochmann de Vertrieder en décke Merci gesot. De Veräin, dee ganz engagéiert ass, organiséiert all Joer ee Bazar mat Iessen deem säin Erléis un eng Organisatioun geet. Duerno kruten d'Vertrieder aus dem Kiischpelt e klengen Abléck an d'Aarbechten vum Bieschbecher Atelier.