Generalversammlung vun de Widdebierger 50+

07
Mär
2025
07 Mär

Widdebieger 50+

Generalversammlung vum 4.3.2025 zu Roodt-Syre


De Comité vum Veräin huet hir Memberen op d' Generalversammlung 2025 invitéiert . No der Begréissung vun der Presidentin, Maria Greis, huet Madamm Greis matgedeelt, dat si als 90-järeg hiert Amt als Presidentin elo ofgëtt, awer weiderhin der neier Presidentin nach well zu Säit stoen. Mat scheine Blumme kritt si en decke Merci gesot an all Guddes gewënscht.

En neie Comité konnt net gewielt ginn, well net genuch Membere present waren. Esou iwwerhellt elo Madame Marie-Rose Sturm d'Amt vun der Presidentin a Sekretärin . Am Comité huet soss näischt changéiert.

Madame Sturm huet duerno den Aktivitéitsbericht an de Keesebericht vun 2024 präsentéiert.

Fir 2025 si nach keng aussergewéinlech Festivitéite virgesinn.

De Schäfferot huet sech och afonnt an de Buergermeeschter Marc Ries huet vill luewent Wierder fir d’Aktivitéite vum Veräi fonnt an der Madamm Sturm vill Courage gewënscht fir déi nei Missiounen.

D'Versammlung ass no engem gudde Menu zu Enn gaang.