D ´Amicale vun de pensionéierte Gemengen-Receveuren

D ´Amicale vun de pensionéierte Gemengen-Receveuren hunn sech getraff zu Uewer-Maartel – Gemeng Rammerech! Bei schéinstem Hierschtwieder huet déi fënneft „Rencontre des Anciens“ vun der „Amicale des Receveurs communaux pensionnés – ARCP“ zu Uewer-Maartel bei de „Frënn vun der Lee „ stattfonnt.Mat Freed a gudder Laun, vital a bei beschter Gesondheet haten sech 24 Kolleginnen a Kollege mat Partner ugemellt fir sich erëmzeginn. Den Dag gouf ageleet mat enger Zäitrees am Schiefermuseum an enger Visite an den ënnerierdesche Grouwen-anlaagen. Eng Guide, Madame Agnes Hoogenhout war mat eis op de Spure vun enger aussergewéinlecher Industrie, déi tippesch fir d´Ardenne war. Aperitif a Mëttegiesse goufen am Grenzdierfer Rombach-Maartel zerwéiert. E puer gemittlech Stonne goufen zesumme verbruecht bei engem kille Patt , schéinen Erënnerungen . Jiddereen de wëllt ass wëllkomm a gär gesinn op eiser nächster „Rencontre amicale“ am Fréijoer déi geplangt gouf fir den 22.Abrëll 2020.