Ee weidere generéise Geste vun der Par Musel a Syr un d'Caritas

Foto: Jean-Paul Engeldinger

An der Sonndesowesmass um Weekend vun den Oppene Kierchen, huet och déi traditionell Scheckiwwerreechung vun der „action humanitaire“ 2023/24 zu Gonschte vun der Caritas mat engem Projet am Süd-Sudan stattfonnt.

De Scheck mat der imposanter Zomm vun 53.028,59 € ass mat engem grousse Merci vun de Leit vun der Caritas entgéintgeholl ginn. Den Donateuren ass ganz häerzlech Merci gesot ginn, dorënner ganz speziell de Massendénger*innen, déi zu dëser Zomm 600 € bäigesteiert hunn. Et kommen zousätzlech nach 500 € derbäi, déi vun den Eltere vun de Kommuniounskanner kommen, well si op de Retour vun der Kautioun verzicht hunn.

Dëse Beitrag erlaabt et der Caritas Dausende vun ënnerernäerte Kanner hir Gesondheet a Liewen ze retten.

Mat dem Ofschloss vun dëser Aktioun hunn déi verschidde Projete vun 1984 u bis elo genee 1.664.531,10 € erabruecht.