Scheckiwwerreechung vum Groupe humanitaire Par Musel a Syr un Médecins du Monde

An der Sonndesowesmass op Dräifaltegkeetsonndeg huet déi traditionell Scheckiwwerreechung vun der „action humanitaire“ 2024-2025 zu Gonschte vun „Médecins du Monde » (MdM) stattfonnt.

MdM war duerch hire Präsident den Dokter Bernard Thill vertrueden.

Ir den Dokter Bernard Thill d’Wurt ergraff huet fir alle Spender säi grousse Merci auszedrécken huet D’Präsidentin vum Kierchrot vun der Gemeng Betzder, Marie-Josée Frank e kuerzen Historique gemach vun all den Aktiounen zënter dem Joer 1984.

Mat dem Don vun der leschter Aktioun vun 49.226,27 € beleeft sech den Total vun den Aktiounen op déi stolz Zomm vun 1.713.657,34€, e Resultat wat sech fir de 40. Anniversaire vun dëser Aktioun weise léist.