Scheckiwwerreechung

De Groupe humanitaire vun der Par Musel a Syr spent un d’Sozialequipe vun « Les amis de la Communauté Catholique de Bonnevoie (A.C.C.B) »

Rued/Sir. Op Dräifaltegkeetsonndeg huet déi traditionell Scheckiwwerreechung vun der „action humanitaire » 2025/2026 zu Gonschte vun der ACCB-Sozialequipe, vertrueden duerch Damme Jij Linster an Thési Kartheiser stattfonnt. Nodeems dat d’Präsidentin vum Kiercherot vun der Gemeng Betzder, d’Marie-Josée Frank e grousse Merci un all Donateuren, vun de Kommiounskanner, Klibberaktioun un bis zu den Erléisen vun Begriefnisser op Wonsch vun der Famill ausgedréckt huet, war et un dem Jij Linster fir desen onerwaart héijen Don un hir Associatioun en häerzleche Merci ze soen.