Generalversammlung bei de „WiddeBierger 50“

De 6. Mäerz 2020 war d’Generalversammlung vun de „Widdebierger 50+“ an hirem Clublokal zu Roodt-Syre. Vill Memberen haten sech afonnt an e puer nei Memberen sinn dobäi komm. De Buergermeeschter mat sengem Schäffen- a Gemengerot waren gutt vertrueden. D’Generalversammlung war séier eriwwer an et ass alles gutt verlaf.

De Kichechef mat senger Equipe huet e gutt Mëttegiessen zerwéiert, Iessen a Gedrénks war alles gratis. Als Erënnerung un dat gutt Iessen goufen nach e puer Tomateflecken mat Heem geholl. Et war e ganz lëschtege Nomëtteg, sou dat mer souguer vergiess haten eng Gruppefoto ze maachen. Dat ass dann fir déi nächste Kéier.

Geplangt ass fir den 28. Abrëll eng flott Iwwerraschungsrees.