Hëllefsaktioun 2019-2020 - Par Musel a Syr Hl. Jakobus

D’Hëllefsaktioun 2019-2020 « Renforcement des capacités - une clé pour un avenir meilleur » vun der Par Musel a Syr Hl. Jakobus war zugonschte vun der Fondation Chrëschte mam Sahel. Vum Advent 2019 bis zur Kommioun, déi coronabedéngt am Hierscht 2020 war, hunn d’Kommiounskanner, d’Kanner, déi Liichte gaange sinn, d’Massendénger, Veräiner a Privatleit d’Hëllefsaktioun ënnerstëtzt. Et waren och Familljen, déi am Kader vun engem Stierffall, e Spendenopruff zu Gonschte vun der Aktioun gemaach hunn. Am ganze sinn 41 358,11 € zesumme komm, dovun 4 931 € alleng vun de Kommiounen. Dobäi kommen nach 650 € vun der Lokatioun vun de Kommiounskleeder, wou d‘Elteren op de Remboursement vun der Kautioun verzicht hunn.


De Marc Fischbach, Präsident vu Chrëschte mam Sahel, huet de Scheck, ënnert Anhale vun den aktuelle Covid-Mesuren, entgéint geholl an all deenen e grousse Merci gesot, déi un der Aktioun deelgeholl hunn. Hien huet och ervirgehuewen, dass Chrëschte mam Sahel an der Vergaangenheet schon e puer Mol am Kader vun der Hëllefsaktioun ënnerstëtzt gi sinn. D’Fonge ginn investéiert an d’Bildung vu Schoulkanner an an d’Formatioun vun Erwuessenen am Beräich Landwirtschaft am Burkina Faso. Duerch de Kofinanzement vum Aussen- an Europaministère gëtt déi ganz Zomm mat 5 multiplizéiert. D’Beneficiairen am Burkina Faso wäerten des Chance ze notze wëssen.