1. Spring Water Triathlon

Zu Rouspert war um Samschden virum Referendum den éischten Spring Water Triathlon. Et waren iwwert honnert Sportler op den Rdv komm fir ëm déi éischt Plazen ze kämpfen. Et waren awer och vill Zuschauer op Rouspert komm fir déi éiergäizeg Sportler kucken ze kommen. Um 12 Auer ass et an't Sauer gaangen wou d'Sportler 1,6 KM am Schwammen hu missen bewältegen. Aus dem Waasser eraus ass et mam Vëlo weider gaangen. 42 KM hu missen bewältegt ginn befiert vum Vëlo erof zum Ofschloss et op de Lafparcours vun 8,5 KM gaangen ass.

Gewonnen huet bei den Hären um Enn de Steve MOOG vun Trispeed virum Belsch Mathieu LOUIS vun Batsth. Gudden drëtten gouf de Christian KROMBACH och vun Trispeed.

Bei de Fraen huet Jil GLOSENER vun Celtic Tri virum Annette JAFFKE vun X3M Triathlon Miersch an dem Haitske BOUWMEISTER-OVERBEEK (NL) vun Trispeed. Duerno koum
Danièle FLAMMANG och vun X3M Triathlon Miersch an d'Sonny ESCHETTE vun Trispeed Mamer.

Bei de Kanner gouf et dann och nacn en reduzéierten Triathlon.

Bei den Kids B (8-9 Joer) huet en Meedschen gewonnen, an zwar d'Gwen NOTHUM. Hannendrunn huet de Ben LANGER an't Sarah PIECH sech klasséiert.

Bei de Kids A war den Aurélien CARRÉ (F) de schnellsten op der Arrivée. Duerno koumen David LANG an Alexandre DECKER.

An der Kategori e Youth C war et den Luca KRÄMER deen d'Nues fir hat. Mat op de Podium ass den Tom CARRÉ (F) an de Valentin CAUWE-GOERES komm.

Déi komplett Klassementer fann der als PDF-Datei ugehaangen.

Eng éischt Éditioun déi fir den Organisateur en volle Succès war.