ENGAGEIERT ENGAGEIERT FIR HIR MATMENSCHEN

Scheckiwerreechunge vun de Sandweiler Massendénger


Traditionell ginn d’Sandweiler Massendénger, zesumme mat Frënn a Kollegen, op Karfreideg a Karsamschdeg klibberen! Vill Leit sinn dankbar, datt déi Traditioun ëmmer nach weidergeféiert gëtt a belounen dofir d’Kanner a Jugendlech mat ville Séissegkeeten an och Geld.

Well d’Massendénger der Meenung sinn, datt et hinnen dach wierklech gutt geet, spenden si e gudden Deel vun hirem Klibberloun!

Dofir hunn si bei der Scheckiwerreechung de 4.7. am Centre Culturel zu Sandweiler 2 Organisatiounen ënnerstëtzt.

D’Madame Wagner vun “Schrëtt fir Schrëtt” huet sech iwwert e Scheck vu 500 € gefreet. Si huet de Massendénger an hiren Elteren erkläert, wéi konduktiv Erzéiung no der Petö-Method schwéier handikapéierte Mënschen hëllefe kann, all hir Fähegkeeten ze stimuléieren an ze förderen.

D’Madame Nathalie Lux vun “Rokku Mi Rokka » huet de Massendénger an hiren Elteren erkläert, wéi déi 500 € agesat ginn, déi si fir hir Organisatioun kritt huet. Zu Mboro am Senegal këmmeren si sech em behënnert Kanner, Jugendlech an Erwuessener an ënnerstëtzen si pedagogesch, medezinesch a schoulesch.

Wann och net all Massendénger bei der Scheckiwwerreechung konnten dobäi sinn, ass et hinnen all wichteg, datt si aus engem chrëschtlechen Engagement eraus Guddes wëlle maachen.