Scheckiwerreechunge vun de Massendénger aus der Par S.Esprit Iewescht-Syr

ENGAGEIERT FIR HIR MATMENSCHEN

Op Initiativ vun de « grousse Massendénger » vu Sandweiler an an Zesummenaarbecht mat de Massendénger aus der Par St-Esprit Iewescht-Syr (besonnesch vu Schëtter an Hueschtert/Nidderaanwen) ass eng sozial Aktioun lancéiert ginn, fir d’ »Stroossenengelen » ze ënnerstëtzen.

Fir deene mannerbemëttelte Mënschen ze hëllefen, fir déi sech d’ »Stroossenengelen » asetzen, gouf d’Iddi lancéiert, kleng Stécker Stofft ze verkafen – déi dann zu enger grousser Decken vu verschidde Massendéngerinnen zesummegebitzt goufen.

Des Decke stellt symbolesch Schutz a Wäermt duer, déi d’Massendénger wëlle weiderschenken.

E Scheck vun 1451,03 € geet esou un d’Organisatioun « Stroossenengelen »

Ausserdeem hunn d’Massendénger vu Sandweiler e groussen Deel vun hirem Klibberloun zur Verfügung gestallt, fir Guddes ze bewierken. E Chèque vu 500 €uro geet un de « Kanner- a Jugendtelefon ». Eng Vertriederin vun där Organisatioun huet de Massendénger an hiren Elteren des wichteg Méiglechkeet fir Hëllef ze kréien, erkläert.

E weidere Chèque vu 500 Euro ginn d’Sandweiler Klibberkanner- a Jugendlech weider un LUkraine, fir ukrainesche Kanner eng Hëllef an hirer schwiereger Situatioun ze erméiglechen.

Monique Fischer

Weitere Neuigkeiten von Monique Fischer >