Scheckiwwerreechunge vun de Sandweiler Massendénger
Niewt dem Asaz an de Gottesdéngschter steet fir d’Sandweiler Massendénger all Joer d’Klibberen um Programm. Karfreideg a Karsamschdeg ginn si klibberen, mat Frënn a Kolleegen. Vill Leit sinn dankbar, datt des al Traditioun weidergeféiert gëtt a belounen dofir d’Kanner a Jugendlech mat Séissegkeeten an och Geld.
Well et zu engem Chrëscht-sinn gehéiert, datt een opmierksam ass fir Mënschen, déi Ennerstëtzung brauchen, hunn d’Massendénger och dest Joer erëm en Deel vun de Klibersuen (vun 2025 an 2026) gedeelt.
Den 21. Mee 2026 hunn si 2 Organisatiounen an de Centre Culturel zu Sandweiler invitéiert, fir hinnen kënnen e Chèque vu je 1000 € ze iwwerreechen.
Een Don un d’ «Fondatioun kriibskrank Kanner » louch de Massendénger besonesch um Häerz, well ee vun hinnen d’läscht Joer kriibskrank ginn ass. Si hu gemierkt, wéi wichteg déi Organisatioun ass, déi dat betraffent Kand an seng ganz Famill begleed a betreit huet.
2 Vertriederinnen, d’Denise Weimerskirch an d’Sylvie Bernardy, hunn de Massendénger an hieren Elteren vun hirer Aarbecht erzielt. Si betreien 300 Familjen vu kriibskranke Kanner, wou niewt de Professionellen ganz vill Benevoller hëllefen. E wichtegt Uleies ass, niewt der Betreiung vu de Familjen, am In-an Ausland, hiert Engagement fir d’Fuerschung. Et feelt un adequate Medikamenter a Behandlungen, déi spezifesch fir Kanner sinn. Déi 1000 € vun de Sandweiler Massendénger wäerten mathëllefe kënnen, datt d’Forschung weidergedriwwe gëtt.
E weidere Scheck gouf dem Martine Eischen, Präsidentin vun “Trisomie 21 Lëtzebuerg” iwwerreecht. Si huet erzielt, wéi schwiereg et dacks ass, fir bei deene ronn 600 verschidde Symptomer d’Krankheet ze erkennen. Dofir soll de carnet médical vun de betraffene Kanner ugepasst ginn, fir méi op hier Situatioun zougeschnidden ze sinn an esou méi bewosst op d’Krankheet opmjerksam ze maachen.
E wichtegt Uleies ass d’Inklusioun vun de betraffene Kanner, Jugendlechen an Erwuessenen. De Restaurant “Madame Witzeg” zu Bieles ass e Beispill, wou Inklusioun geliewt gëtt. Vakanzaktivitéiten a Sortien hëllefen de Betraffenen an hire Familjen, fir schéin Zäiten ze erliewen. Bei all dësen Uleies ass all Don wëlkomm, sou och déi 1000 € vun de Klibbersuen.
Wann och net all Sandweiler Massendénger bei der Scheckiwwerreechung konnten dobäi sinn, ass et hinnen dach all wichteg, datt si aus engem chrëschtlechen Engagement eraus Guddes wëlle maachen.