Chrëschtconcert vum Kanner- a Jugendchouer Konsdref

De Kanner- a Jugendchouer Konsdref huet wéi gewinnt op säin traditionelle Chrëschtconcert invitéiert. An enger gerammelt voller Kierch um Scheedgen woussten d‘Sängerinnen an d’Sänger, ënnert der Leedung vum hirem Dirigent Marc Loewen, mat flotte Chrëschtlidder d‘Publikum ze begeeschteren. De Concert krut duerch d’Einlagen an d’Begleedung vum Sträichquartett eng ganz besonnesch festlech Nout. Dank der Mataarbecht vun de Gemengeservicer huet déi schéi gerëschte Kierch d’Chrëschtambiance perfekt gemaach. Zum Schluss huet d’Publikum et net ausgelooss, de Kanner, dem Sträichquartett an dem Dirigent mat vill Applaus a Standing Ovation e puer Zugaben erauszefuerderen.

Nom Concert gouf dee schéinen Owend bei engem Patt Glühwäin a Chrëschtgebäck niewendrun am Festsall gemittlech ausklénge gelooss. Freet Eech schonn op déi nächst Editioun, Sonndes den 22. Dezember 2019.