SCHEIDGEN - Archäologesch Ënnersichungen am Ëmfält vum „ Rosswinklerhaff “

Am Kader vun der Erweiderung vun der Bauschuttdeponie „Rosswinklerhaff“ si kierzlech niewent der aktueller Bauschuttdeponie archäologesch Ënnersichungen gemaach ginn.

Vun der „Rosswinklerstross“ aus gesitt dir säit enger kuerzer Zäit, am Flouer eng seeleche Grief vun 1 m bréit an 60 – 100 cm déif, an doniewent eng Onmass Kipp Buedem.

Ier um Terrain wou d´Bauschuttdeponie soll erweidert ginn neie Bauschutt opgeschott ka ginn, muss gepréift ginn, wat do genee un archäologesche Spueren am Buedem ass. Bekannt ass, datt beim „Rosswinklerhaff“ réimesch Siedlungsspueren am Buedem sinn duerch d´ Ausgruewungen vun Zillen, Schierbelen a Mënzen. Duerch dësen Terrain verleeft bekanntlech de „ Réimerwée“ vun Altréier no Iechternach, a vun do aus wéider op Tréier oder op Köln.

Bei dëse Sondagen sinn d’Fundamenter vun engem ganz schlecht erhalenen Gebai fräigeluecht ginn an e weidert Gebai ugeschnidde ginn. Déi Vestigen sinn opgemoosst ginn, an et gëtt e Sondage-Rapport verfaasst, deen am CNRA archivéiert gëtt. Näischt Spektakuläres ass bei dësen archäologeschen Ënnersichungen fonnt ginn, awer et huet missen dokumentéiert ginn, éier et duerch d’Deponie zerstéiert /zougedeckt gëtt nodeems d´ Erweiderung vun der Deponie genehmegt ginn ass.

Et ass unzehuelen datt am Kader vun der Erweiderungsprozedur vun der Deponie de Bierger Asiicht kritt an de Rapport vun dësen archäologeschen Ënnersichungen.