Schëfflenger Hobbymoart

25
Nov
2023
25 Nov 26 Nov

De 25. an 26. November 2023 ass am Hall Polyvalent nees Hobbymoart ugesot. Hei kënnt Dir eng Hellewull u Stänn kucke kommen, déi Alles ronderëm d’Festlechkeete vun Enn des Joers ubidden. D’Diere si samschdes a sonndes op vun 12.00 bis 18.00 Auer.


Baussen um Parking ass e Food-Village, dee fir Iessen a Gedrénks suergt a banne fannt Dir nieft den Hobbyaussteller nach aner speziell Attraktiounen an Info-Stänn.

Kommt laanscht a loosst Iech verwinnen!