Éischten interkulturelle Kachatelier zu Schëffleng

Bei eisem éischten interkulturelle Kachatelier si Mënsche mat ënnerschiddlechem Liewensweeër zesummekomm, fir zesummen ze kachen, sech auszetauschen an sech besser kennen ze léieren. Dobäi ass kloer ginn, datt Interkulturalitéit och iwwer d’Iessen erlieft ka ginn.


D’Participant·inne·en hunn sech géigesäiteg op eng kulinaresch Rees matgeholl – vu Pakistan iwwer Kamerun bis op Madagaskar. Déi preparéiert Platen hu kulturell Traditiounen, perséinlech Geschichten an Erënnerungen un d’Heemecht reflektéiert. Am Mëttelpunkt vum Atelier stoungen d’Begéinung, den Austausch an d’gemeinsam Erliewe vu ville verschiddene Goûten.


D’Iddi fir dësen Atelier ass am Kader vun engem Biergeratelier entstanen a gouf mat der Ënnerstëtzung vun der Commission consultative du Vivre-Ensemble Interculturel, der Maison Teranga an dem Fairtrade Team Schëffleng ëmgesat. E grousse Merci geet un all déi Persounen, déi mat hirem Engagement a mat vill Passioun zum Erfolleg vun dëser Manifestatioun bäigedroen hunn.


De Kachatelier huet op eng impressionnant Aart a Weis gewisen, wéi Diversitéit d’Mënschen zesummebréngt a wéi gemeinsaamt Iesse Verbindungen tëscht de Leit schaaft.