Wéi all Joer huet d’Amicale Schëfflenger Schmelzaarbechter Asbl och dësen 30. Abrëll op hir 1. Mee-Virfeier invitéiert.
Beim Gedenksteen an der “Cité um Benn“ si Blummen néiergeluecht ginn an an hiren Usproochen hunn den Här Paul Weimerskirch (Buergermeeschter), den Här Alain Günther (Schmelzaarbechter Musée), den Här Andrea Spigarelli (OGBL), den Här Georges Conter (LCGB) an den Här Yves Biwer (AGORA) den Aarbechter geduecht ouni därer Fläiss a Schweess eist Land net dat wär wat et ass. Dofir huet all eenzele Schmelzaarbechter eisen déifste Respekt verdéngt.