Aweiung vun der École internationale op de Fléierchen

Den Educatiounsinister, Claude Meisch, zesumme mam Buergermeeschter vu Schëffleng, Paul Weimerskirch an dem Direkter vun der Internationaler Schoul vun Déifferdeng an Esch-Uelzecht, Gérard Zens, hunn den 8. Juni 2023 de Modulbau "op de Fléierchen" feierlech ageweit. Zënter Januar vun dësem Joer sinn hei eng ronn 100 ukrainesch Flüchtlingskanner vun der EIDE ënnerbruecht.

Zu dëser spezieller Geleeënheet vun der hunn d'Schüler tëscht deene verschiddenen offizielle Riede Gedichter virgedroen, Lidder gespillt an eng kleng Danzvirstellung presentéiert. Nom klassesche Bändchenduerchschneiden an enger kuerzer Visite guidée duerch d'Gebai, konnten d'Gäscht sech bei engem verdéngten Éiereglas austauschen.

E klenge Liichtbléck am Liewe vu ville Kanner, déi hiert Land hu misse verloossen: Diskussiounen iwwert eng méiglech respektiv méi permanent Zukunft vun der internationaler Schoul zu Schëffleng lafen.