Bamplanzaktioun fir déi Neigebueren vun 2024

Dëse Weekend huet d’Gemeng Schëffleng déi Neigebuere Kanner vun 2024 a hir Familljen op hir traditionell Bamplanzaktioun agelueden. D’Event huet op der Spillplaz an der Cité Émile Mayrisch stattfonnt an et gouf symbolesch fir all d’Kanner vun 2024 ee Bam geplanzt: eng Roteiche (Quercus rubra).


2024 si ronn 125 Kanner zu Schëffleng gebuer ginn a 34 Famillje sinn dem Opruff nokomm fir zesummen e flotte Moien ze verbréngen. Zum Schluss, konnten d’Familljen nach Vullenhaisescher, Straicher oder Lunchboxe mathuelen.


Den Naturschutz ass een Thema dat der Gemeng Schëffleng um Häerz läit a wou och d’Bierger·innen reegelméisseg aktiv matagebonne ginn. Hinnen e grousse Merci!