Comenius-Treffen an der Albert Wingert Schoul: Kachkéis, Gouda Kéis a Gerolsteiner Sprudelwaasser

En Donneschden, de 15. März, waren d’Enseignant’en an der Albert Wingert Schoul schonns extra fréi op de Been, fir déi lescht Préparatiounen firun der Arrivée vun eise Frënn aus Holland an aus Däitschland ofzeschléissen.

Wéi dunn am spéide Moien déi zwee Bussen endlech ukoumen, war d’Freed bei jidferengem grouss. No enger klenger Verstärkung an eppes fir ze drénken, hu sech d’Kanner op d’Sich no hire Partnerkanner gemeet. Natierlech war do eng gewësse Portioun Nervositéit ze erkennen, ma déi war ganz schnell verflunn an et gouf sech iwer dëst an dat ausgetosch!

Dono goufen de Kanner 4 Ateliers’en ugebueden, wou se engersäits „de Siwwesprong“ a "Kapp, Schëller, Knéie, Féis" a ganz ville Sprooche geléiert hunn, anerersäits hunn d’Kanner „d’Melusina“ kennegeléiert an hir Kenntnisser an der „Géografie“ iwer Lëtzebuerg opgebessert .

Ganz vill hongrech Bäich hu sech extremst gefreet, wéi se fir Mëtteg Spaghettien vun den Enseignant’en an der Schoul zervéiert kruten. Sou gouf op eng gemittlech Art a Weis zesumme giess a sech weider ausgetosch.

Bei strahlend bloen Himmel an héijen Fréijoerstemperaturen hu sech d’Kanner nom Iessen an 8 gemëschte Gruppen no ëneen op de Rallye an de Bësch gemeet. Ennerwee hu se missen bei verschiddene Statiounen hieren Teamgeescht ënner Beweis stellen an déi eng oder aner Fro iwer Lëtzebuerg beäntwerten. Bei all Atelier gouf et och nach eng lëtzebuergesch Spezialitéit ze schmaachen (Quetschekraut, Kachkéis, Mettwurscht a Bretzel).

Eier et dunn am spéide Mëtten op Gerolstein an op Posterholt heem gung, hunn d’Kanner nach zesummen am Schoulhaff hier Batterien mat engem Apel an enger Fläsch Waasser opgelueden.

Zefridde Gesiichter si géint 16h30 an de Bus geklommen an d’Kanner wéi och hir Enseignant’en sote villmols Merci fir dee flotten Dag, deen se an der Wingert Schoul verbruecht hunn.