Den LGE op Besuch op der Gemeng

De 15. Abrëll 2026, war eng 5e Klass aus dem Lycée de Garçons ESCH (LGE) zu Besuch op der Schëfflenger Gemeng.


Wéi funktionéiert eng Gemeng? Wat ass dem Buergermeeschter seng Roll? Wéi gëtt ee gewielt? Ass et ëmmer flott Buergermeeschter ze sinn oder ginn et och manner agreabel Aufgaben ? Dës an nach vill aner Froen, konnt d‘Klass direkt un de Buergermeeschter Carlo Feiereisen riichten.


D’Klass ass mat villen neie Kenntnisser an engem konkrete Verständnis vun der Gemengepolitik heemgaangen.