Faires Früstück 2026
um weitere Bilder zu sehen.
D’Editioun 2026 vun eisem Faire Früstück am Schëfflenger Haff war e groussen Erfolleg! De Samschdeg, de 16. Mee, hunn d’Gemeng Schëffleng an d’Ekipp vum Fairtrade Team Schëffleng fir e gemittlechen an häerzlechen Event gesuergt.
Vill Gäscht hunn sech ronderëm e leckere Buffet versammelt, mat Fairtrade-Produite wéi Kaffi, Téi, Jus, Croissanten, Brout, Gebeess, Schockela, Friichten a villes méi. Nieft engem genossvolle Früstück haten d’Participant·inn·en d’Méiglechkeet, méi iwwer de fairen Handel ze léieren, bei engem pädagogesche Spill matzemaachen an eise Fairtrade-Kaffi ze kafen. Fir déi musikalesch Ambiance huet d’Band Plan B gesuergt.
Am Kader vun de Fairtrade-Wochen erënnere mir un d’Wichtegkeet vum faire Konsum a motivéiere jiddereen, bewosst a verantwortungsvoll Akeef ze maachen.