Biergeratelier: Diversitéit a Kampf géint Diskriminéierung

Den 18. Juli 2026 huet d’Gemeng Schëffleng hiren zweete Biergeratelier am Kader vum interkulturellen Zesummeliewen organiséiert. Interesséiert Persounen hunn sech an der Salle Grand-Duc Jean getraff, fir sech iwwer Diversitéit an de Kampf géint Diskriminéierung auszetauschen.


D’Evenement huet an enger geselleger Atmosphär mat engem gemeinsame Kaffi ugefaangen. Duerno huet e participatiivt Spill iwwer d’Interkulturalitéit zu Schëffleng d’Äis gebrach an d’Diskussiounen an d’Weeër geleet.


D’Participanten hunn a verschiddenen Aarbechtsgruppen hir Erfarunge gedeelt, Iddien entwéckelt an aktiv no konkrete Léisunge gesicht. Déi ausgeschaffte Reflexiounen a Virschléi goufen duerno dem ganze Grupp presentéiert.


Zum Ofschloss vum Atelier huet den Här Buergermeeschter Carlo Feiereisen d’Wuert ergraff an all de Persounen, déi dobäi waren, häerzlech fir hir Participatioun an hiert Engagement Merci gesot. Hien huet betount, datt jiddereen zu Schëffleng wëllkomm ass – onofhängeg vun der Hierkonft oder dem perséinleche Liewenswee.


D’Gemeng Schëffleng seet all de Persounen, déi sech ugemellt an um Biergeratelier deelgeholl hunn, e grousse Merci. Dank hirem Engagement krut d’Gemeng vill konkret Ureegungen, fir d’Zesummeliewe weider ze verbesseren an nach besser op d’Bedierfnesser vun hire Bierger·innen anzegoen. Mir soen och de Gemengeberoder·innen vum Familljeministère an der ASTI Merci fir hire Bäitrag zur Animatioun vun de verschiddenen Dëscher.