2. Plaz & Fairplay-Präis beim EPF fir Schëffleng

D’Schëfflenger Ekipp huet Lëtzebuerg déi lescht Woch zu Bad Segeberg an Däitschland, beim European People’s Festival (EPF) vertrueden.


Wärend dem Event hunn Delegatiounen aus 15 europäesche Länner a verschiddene Sport- a Kulturkompetitioune deelgeholl.


Mir gratuléieren eiser Schëfflenger Ekipp fir hir aussergewéinlech Leeschtung duerch déi si sech eng 2. Plaz  an de Fairplay-Präis um Festival séchere konnten.