D’Gemeng Schëffleng freet sech matzedeelen, datt si d’MEGA+ Konventioun fir d’Joer 2026 ënnerschriwwen huet. Mat dësem Engagement ënnersträicht d’Gemeng hire Wëllen, sech weider aktiv fir d’Gläichstellung vun de Geschlechter, d’Diversitéit an d’Chancëgläichheet um lokale Plang anzesetzen.
D’MEGA+ Konventioun, déi vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit (MEGA) initiéiert gëtt, ënnerstëtzt d’Gemengen dobäi, konkret Moossnamen an Aktiounen ëmzesetzen, déi e respektvollt, inklusiivt a gläichberechtegt Zesummeliewe fërderen.
Mat der Ënnerschrëft vun der Konventioun fir 2026 setzt d’Gemeng en zousätzlecht Zeechen a weist datt si eng oppen, modern a solidaresch Gemeng ass déi sech och an Zukunft fir Initiativen, déi d’Zesummeliewen an d’Wuelbefanne vun allen Awunnerinnen an Awunner stäerkt, engagéiert.