Hierschtconcert: Estro Armonico & Danse-Élancé

De 26. Oktober huet de Schëfflenger Kulturkalenner ee musikaleschen a visuellen Highlight erlieft: Den Orchester Estro Armonico an d’Schëfflenger Danzschoul Danse-Élancé hunn zesumme mat lokale Solisten an iwwer 300 begeeschterte Gäscht een Hierschtconcert op d’Bee gesat, dee Musek, Danz a Familljen op harmonesch Aart verbonnen huet.


De Programm war sou divers wéi inspiréierend: vum heemleche „Bei eis Doheem“ vum Schëfflenger Komponist Robert Conrad bis zu Soloe vun der Violonistin Alexia Ouyang an dem Trompettist Kenji Tex. D’Haaptattraktioun war awer ouni Zweiwel De Pierchen an de Wollef vum Sergei Prokofiev – eng musikalesch Erzielung, déi duerch Danz, Kostümer an Theater zum Liewen erwächt gouf.


D’Illustratioune vum Pierchen a Wollef, déi am Kader vum Projet Art à l’école entstane sinn, waren en integralen Deel vum Dekor an hunn déi visuell Atmosphär vum Concert op eng spilleresch a kreativ Manéier verstäerkt.


D’Recettë vum Owend sinn un d’Asbl Schëffleng Hëlleft gespent ginn – e schéine Geste, deen de kulturellen Engagement vun der Gemeng mat sozialer Solidaritéit verbënnt.