Mat groussem Houfert deelt d’Gemeng Schëffleng Iech d’Ouverture vum éischten ënnerierdesche Parking mat. De Parking läit am Häerz vu Schëffleng, tëscht der Liberatiounsstrooss an der Kierchestrooss an huet eng Capacitéit vun 137 Parkplaze fir d’Visiteuren·së, dorënner 7 PMR-Parkplazen. Wann Dir mam Elektroauto ënnerwee sidd, sollt dëst och kee Problem sinn: D’Borne sinn elo montéiert ginn an deemnächst fannt Dir um -1 sechs Parkplaze mat Luedstatiounen an um -3 fannt Dir der véier.
Konzipéiert mam Fokus op Nohaltegkeet an d’Zesummeliewen, ass de neie Parking vill méi wéi just eng Plaz fir Autoen ofzestellen. Wann d’Aarbechte bis fäerdeg sinn, kritt de Parking op sengem Daach e grénge Park an eng Spillplaz. Dës wäerte fir jiddereen zougänglech sinn an eng Plaz bidde fir sech ze entspanen, fir Leit ze begéinen a weider flott Fräizäitaktivitéite matten am Häerz vu Schëffleng ze ënnerhuelen.
Méi Infoen, d’Präisser a weider Detailer iwwert de Parking, mee awer och iwwert d’nohalteg Mobilitéit fannt Dir an dëser Brochure.