Kollektivvertrag fir d’Südgemengen: E wichtege Schrëtt fir d’Personal vun de Gemengen
Den 10. Oktober 2025 hunn d’Gewerkschaften OGBL an LCGB zesumme mat de Buergermeeschteren aus 19 Südgemengen – dorënner och d’Schëfflenger Gemeng – eng nei kollektiv Aarbechtskonventioun ënnerschriwwen. Dësen Accord, dee ganz am Geescht vum konstruktive sozialen Dialog zustane komm ass, gëllt fir ronn 4.300 Gemengenaarbechter·innen a trëtt vum 1. Januar 2025 bis den 31. Dezember 2027 a Kraaft.
D’Konventioun stellt eng bedeitend Verbesserung vum Loun- a vun de soziale Konditioune vum Gemengepersonal duer a ënnersträicht d’Wäertschätzung fir hir Aarbecht. Si reflektéiert d’Engagement vun de Südgemengen, d’Gemengeberuffer ze valoriséieren an eng gerecht Unerkennung fir déi ze garantéieren, déi de Service public och ausserhalb vun den normale Bürosstonnen assuréieren.
D’Gemeng Schëffleng ass houfreg, Deel vun dëser gemeinsamer Dynamik ze sinn – am Déngscht vun hire Mataarbechter·innen an hire Bierger·innen.
Fotoen: © Ville d’Esch