Scheckiwwerreechung un SOS Faim, MSF an ACTL

De 4. Mee huet sech d’Gemeng Schëffleng zesumme mat der asbl Schëffleng Hëlleft owes fir eng wonnerbar Saach getraff. Si haten d’Chance 3 Schecke verdeelen ze kënnen.

D’Gemeng huet der ONG SOS Faim e Scheck vun 10.000 Euro iwwerreecht, deen hinne weiderhëlleft hir wichteg humanitär Projeten ze realiséieren.

Médecins sans Frontières krute 15.000 Euro vun der Gemeng a Schëffleng Hëlleft fir hir Hëllef an de Krisegebidder, déi vun den Äerdbiewe betraff waren.

An zu gudder Lescht ginn nach 18.500 Euro un d’ACTL (Association Culturelle Turque au Luxembourg), woubäi de Gros vun de Sue wärend dem “Solidarity Concert” (Mëtt Mäerz), deen e grousse Succès war, gesammelt konnt ginn.

E grousse Merci un all déi Leit, déi un eise Spendenaktioune matgehollef hunn.