Straussefeier Haus A Kassen

De 27. Juni 2025 huet de Gemengerot op d’Straussefeier vum Haus A Kassen agelueden. D’Event huet ënner der Präsenz vun de Vertrieder vun der Gemeng an de Projetspartner stattfonnt – e symbolesche Moment, deen eist Engagement fir eng nohalteg Zukunft zu Schëffleng ënnersträicht.


Dëse Projet gesäit Follgendes am neie Gebai vir: dräi sozial Wunnengen ënner der Verantwortung vun der sozialer Organisatioun TELOS, Geschäfter, engem Gemeinschaftsraum fir Mammen a Puppelcher mat engem Educateur·rice an engem medezinesche Cabinet. D’Gebai wäert och Veräiner aus der Gemeng ophuelen, dorënner de Schachveräin, de Video- a Fotoclub an de Gesangsveräin, mat engem Buvetteberäich am Rez-de-Chaussée.


Zousätzlech ginn all Flachdiercher begréngt, an den Dach vum technesche Schapp gëtt mat Solarpanneaue bedeckt.