Un voyage artistique au féminin
um weitere Bilder zu sehen.
De 7. Mäerz 2025 hat d’Gemeng Schëffleng, zesumme mam Konschthaus, d’Freed den Internationale Fraendag op eng onvergiesslech Aart a Weis ze feieren. Dëst Evenement war eng Rees fir d’Sënner, an déier Konscht, Poesie, Danz a Musek sech begéint hunn, fir e Moment vun Austausch an Emotiounen ze schafen.
Ab 17 Auer haten d’Gäscht d’Freed, d’Wierker an d’Talenter vun aussergewéinleche Fraen ze entdecken. Sief et duerch eng guidéiert Visitt vun der Kënschtlerin Nadine Cloos, déi de Public mat an hiren Universum entféiert huet, duerch déi beréierend Lektür vun der talentéierter Poetin Danielle Hoffelt oder duerch déi kreativ Workshops mam Mia Kinsch an Infiiorata, déi d’Participanten duerch Blummeworkshops an Molerei gefouert hunn, eng immersiv Erfarung bei där d’Natur an d’Faarf verschmolt sinn. Finalement huet d’Agna de Carvalho, eng inspiréierent Designerin, hir Kleeder an Accessoiren, déi Traditioun an Modernitéit verbannen, ausgestallt. De Public gouf och vun enger exzeptioneller Danzvirfeierung vu Manok Cie mat graciéisen Beweegungen a Musek an eng magesch Atmosphär entfouert.
Et war en Owend voller Emotiounen, Austausch a Kreativitéit, fir d’Fraen an all hire Formen ze feieren. Nieft der Konscht war dëst Evenement och eng Geleeënheet, den Asaz fir d’Rechter vun de Fraen, Gläichstellung an Diversitéit ze fërderen. Mir hunn zesummen d’Fortschrëtter gefeiert, mee och d’Hürden, déi nach ze iwwerwanne sinn ugeschwat. E grousse Merci un eis Kënschtler.innen an un all déi Leit, déi dës wichteg Saach ënnerstëtzt hunn. Loosst eis weiderhin zesummen dru schaffen d’Stëmme vun de Fraen an allen Aspekter vun der Gesellschaft ze fërderen.