Zesummeliewen zu Schëffleng

De 26. Oktober 2023 hat de Schëfflenger Schäfferot op d’Soirée de Bienvenue an d’Salle Grand-Duc Jean agelueden. All Schëfflenger Neibierger, deen tëscht 2022 an 2023 d’Gemeng Schëffleng als seng nei Heemecht erausgesicht hat, war op dësen Info-Owend invitéiert ginn.


De Buergermeeschter Paul Weimerskirch huet a Presenz vu Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot sou wéi der Integratiouns- a Biergerkommissioun d’Leit häerzlech begréisst an hinne wichteg Erklärungen iwwert d'Gemeng ginn. Dozou krut all Haushalt och e flotte "Kit de Bienvenue" als Kaddo. E ganz neit Element waren déi sëlleg Info-Stänn (Pakt vum Zesummeliewen, Agence interculturelle ASTI, Syndicat d’Initiative et de Tourisme, CGDIS, Ecrivain Public) bei deenen d’Leit sech iwwert verschidden Thematike renseignéiere konnten.


Fir den Owend gemittlech auslafen ze loossen, huet de Buergermeeschter op e Patt invitéiert an déi ronn 180 Leit, déi ugemellt waren, haten d'Méiglechkeet hir Froen ze stellen, hir Uleiesse lasszeginn a sech bei der interaktiver Fotobox z’amséieren.