D’Madame Antoinette Crelot-Hoffmann vu Schous, kritt 80 Joer

Dëser Deeg huet d’Madame Antoinette Crelot-Hoffmann vu Schous, hir 80 Joer bäi beschter Gesondheet konnte feieren.
D’Antoinette ass den 30. Mee 1936 zu Bissen op d’Welt komm. Si waren zu 3 Kanner doheem. Vu Bissen ass d’Famill Hoffmann op Nidderkuer an duerno, kuerz nom Krich, op Zolver gezunn, wou d’Antoinette och d’Schoul besicht huet. No der Schoulzäit huet d’Antoinette als Verkeeferin geschafft.
Den 8. August 1962 ass d’Antoinette mam Charel Crelot, de Bond fir d’Liewen agaangen. Vun do un huet hat an der Bäckerei vu sengem Mann, an der Stadt geschafft.
Aus dem Bestiednëss sinn 2 Kanner, ee Meedchen an ee Jong, erfir gaangen, déi hinnen 8 Enkelkanner geschenkt hunn.
No der Aarbecht an der Bäckerei, huet d’Antoinette de Familje-Kaffee zu Hoen iwwerholl, deen Si bis zu hirer Pensioun, zur vollsten Zefriddenheet vun hirer Clientel, gefoeurt huet.
Am Joer 1992 hu si zu Schous een Haus kaaf, fir hei an aller Rouh, hir verdéngte Pensioun ze genéissen, dëst no engem aarbechtsräichen Liewen. D’Hobby vum Antoinette sinn Handaarbechten.
Déi Verantwortlesch vun der Gemeng Fëschbech, déi zwee Scheffen, d’Simone Majerus-Schmit a Marco Karier, hunn der Madame Antoinette Crelot-Hoffmann amt engem schéinen Blummenarrangement, fir hir 80 Joer, gratuléiert.