Aweiung vum neien Verbindungswee vun de Gemenge Schëtter an Nidderaanwen

Am Kader vun der Sensibiliséierung fir Awunner a Leit, déi an der Gemeng beschäftegt sinn, sech méi zu Fouss oder mam Vëlo ze beweegen, hunn d’Gemenge Schëtter an Nidderaanwen d’Initiativ geholl fir e Verbindungswee ze schafen, deen d’Uertschafte Minsbech an Nidderaanwen laanscht den CR 132 verbënnt. D’Investitioun baséiert op engem Konzept vun der “mobilité active”, deen déi d'Haaptlinne vun der Zukunft definéieren soll. Den Ëmsetzungsprogramm war och konsequent mat de Reflexiounen am Kader vun der "koordinéierter an integrativer interkommunaler Entwécklung vun de Gemengen, déi un de Lëtzebuerger Fluchhafen grenzen".


De Verbindungswee huet de grousse Virdeel, datt en d'Uertschaft Nidderaanwen direkt mat Schëtter verbënnt. E verbënnt och de Syrdall Business Park un dat bestehend a geplangten aktivt Mobilitéitsnetz vun deenen zwou Gemengen.

Bedenkt een datt d'Industriezonen op béide Säiten all Dag Dausende vun Salarié’en begréissen, ass dës Streck een ideale Mobilitéitsmoyen fir ausserhalb vum Stroosseverkéier tëscht deenen zwee Beräicher ze zirkuléieren. Duerch d’Tatsaach datt een sech ouni Auto bewege kann, stellt de Projet e wichtege Schrëtt a Richtung “mobilité active” an Ökologie duer. Vis-à-vis vun engem stänneg steigende Verkéier op der Strooss, garantéiert den neie Vëloswee och déi néideg Sécherheet fir Cyclisten a Foussgänger.


D'Gesamtkäschte vum Projet belafen sech op 948.320 €. Well et sech ëm en interkommunale Projet handelt, goufen d’Käschte proportional zu der néideger Aarbecht an de jeeweilegen Territoire verdeelt. Esou huet d’Gemeng Schëtter de Projet mat zwee Drëttel ënnerstëtzt an d’Gemeng Nidderaanwen mat engem Drëttel.


D'Mobilitéitswoch, déi dëst Joer vu Freides dem 16. bis Donneschdes den 22. September stattfënnt, ass eng ideal Geleeënheet fir d’Aweiung vun dësem interessanten Foussgänger-Vëlo Verbindungswee ze maan.


An esou hunn d’Vertrieder vun de Gemenge Schëtter an Nidderaanwen den 19. September 2022 den neien Verbindungswee a Präsenz vum Här Jeff Biever vun der Direction de la Planification de la mobilité, offiziell ageweit.