Ënnerzeechnung vum Pakt vum Zesummeliewen zu Schëtter

Ënnerzeechnung vum Pakt vum Zesummeliewen zu Schëtter


D’Gemeng Schëtter huet e weidere wichtege Schrëtt gemaach fir d‘Integratioun vun all eise Bierger:innen ze verbesseren an huet den 20.04.2022, de „Pakt vum Zesummeliewen“ a Presenz vun der Ministesch fir Famill, Integratioun a Groussregioun, Corinne Cahen an dem Vize-Präsident vum SYVICOL, Louis Oberhag, ënnerschriwwen.

De Buergermeeschter Jean-Paul Jost huet betount, datt de Pakt et méiglech mécht, déi schonns vun de Berodungskommissiounen an der Gemeng geleeschten Aarbecht duerch d’Ëmsetzung vu participative Projeten, déi dat lokaalt Zesummeliewe fërderen, weiderzeféieren.

D’Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen huet sech beandrockt gewise vun der Organisatioun vum Zesummeliewen zu Schëtter. Si huet ënnerstrach, datt déi bewäerte Praktiken, déi schonn hei existéieren, mat anere Gemenge gedeelt sollte ginn.

Bei der offizieller Ënnerschrëft huet d’ Ministesch der Gemeng Schëtter fir hiren Engagement gratuléiert an den Engagement vum Ministère bestätegt fir déi betreffend Gemengen an Zesummenaarbecht mat hire Kontraktpartneren an den Integratiounsberoder ze begleeden.

De Louis Oberhag, Vizepresident vum SYVICOL, huet a senger Ried ënnerstrach, datt "Zesummeliewen eis wichteg ass. Déi sozial Kohesioun ass besonnesch wichteg a Krisenzäiten a Schëtter ass e Beispill fir aner Gemengen". Hien huet deene jeeweilege Gemenge Merci gesot fir hiert Engagement a wënscht hinne vill Erfolleg bei der Ëmsetzung vum Pakt.

Mat der Ënnerschrëft drécken d’Gemengen hiert Engagement aus fir e méijährege Prozess op Basis vun den dräi Piliere Kommunikatioun, Zougang zu Informatioun a Bedeelegung vun alle Leit, déi an der Gemeng wunnen oder schaffen.

An den nächste Méint wäerten nach méi Gemenge bei déi 25 dobäikommen, déi de Pakt vum Zesummeliewe schonn ënnerschriwwen hunn.

Signature du Pacte du vivre ensemble

La commune de Schuttrange a encore fait un grand pas envers l’intégration de tous/toutes les citoyens/nes en signant le 20 avril 2022, le « Pakt vum Zesummeliewen » (pacte du vivre ensemble), en présence de Madame la Ministre de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région, Corinne Cahen et de Monsieur le Vice-Président du SYVICOL, Louis Oberhag.

Jean-Paul Jost, bourgmestre de Schuttrange, a souligné que le pacte permet de poursuivre le travail déjà réalisé par les commissions consultatives et la commune par la mise en place de projets participatifs promouvant le vivre ensemble local.

Madame la Ministre de la Famille et de l'Intégration, Corinne Cahen, s'est montrée impressionnée par l'organisation du vivre ensemble à Schuttrange. Elle a souligné que les bonnes pratiques déjà en place ici devraient être partagées avec d'autres communes.

Lors de la cérémonie de signature, la ministre a félicité la commune de Schuttrange de son engagement et a réitéré l'engagement de la part du ministère d'accompagner les communes signataires en collaboration avec ses partenaires conventionnés et les conseillers à l'intégration.

Louis Oberhag, vice-président du SYVICOL, a mis en évidence que "le vivre ensemble nous tient à cœur. La cohésion sociale est particulièrement importante en temps de crise et Schuttrange est un exemple pour d'autres communes. Il a remercié les communes respectives pour leur engagement et leur a souhaité beaucoup de succès dans la réalisation du pacte.

Par la signature, les communes expriment leur engagement dans un processus pluriannuel qui repose sur trois piliers qui sont la communication, l'accès à l'information et la participation de toutes les personnes résidant ou travaillant sur le territoire de la commune.

Au cours des prochains mois, d'autres communes viendront rejoindre les d'ores et déjà 25 communes signataires du « Pakt vum Zesummeliewen ».

Signing of the Pact of Living Together

The commune of Schuttrange took another important step to improve integration for all its citizens. In presence of the Minister for Family Affairs, Integration and the Greater Region, Corinne Cahen and the Vice-President of SYVICOL, Louis Oberhag, the “Pakt vum Zesummeliewen” (pact of living together) was signed on the 20th of April 2022.

Jean-Paul Jost, mayor of the commune of Schuttrange, stressed that the pact allows the work already done by the consultative commissions and the commune to be continued through the implementation of participatory projects promoting local living together.

The Minister for Family Affairs and Integration, Corinne Cahen, was impressed by the organization of the living together in Schuttrange. She underlined that the good practices already in place here should be shared with other communities.

During the signing ceremony, the minister congratulated the commune of Schuttrange for its commitment and reiterated the ministry's commitment to support the signatory communes in collaboration with its contracted partners and integration advisors.

Louis Oberhag, vice-president of the SYVICOL, emphasized, "living together is important to us. Social cohesion is particularly important in times of crisis and Schuttrange is an example for other communes". He thanked the respective communes for their commitment and wished them every success in implementing the pact.

By signing, the communes express their commitment to a multi-annual process based on three pillars: communication, access to information and participation of everyone who lives or works in the commune.

In the coming months more communes will join the already 25 signatory communes of the “Pakt vum Zesummeliewen”.